Eis Geschicht

D'Gaasserockbluesband ass 2005 entstan op éng Annonce hin am Luxbazar: "Bassist sicht Bluesband". En Trio huet sech eemol d'Woch getraff fir zesummen Blues ze spillen. Et waren de Pascal Graffé, de Mäx Courtois an de Fränk Henkes.
Lues a lues ass och ëmmer méi Bluesrock dobäikomm an och Lidder op Lëtzebuergesch aus der Fieder vum Fränk. Di éischt Concert'en sinn nach am Trio gespillt ginn.
Bei éngem Gig am Liquid Bar am Stadter Gronn ass de Régis Roland-Eugio spontan ageklomm a vun do un ware mer e Quartett. De Nicolas Wise huet d'Plaz vum Pascal hannert der Schéissbud iwwerhol.
An mam Fenny Gillen, deen mer all vun der Band Dali's Dream kannt hun, ass dunn och endlech eisen laangen Wonsch fir en Pianist an Hammond-Spiller an der Band zu hun an Erfëllung gaang.
An wi heescht et sou richteg beim Neil Young: Rock'n Roll will never die! (Bei eis matt énger Portioun Blues gewürzt)


































